Spaghetti – Training mam Ben Gastauer den 10. November 2013
De Fan-‐Club Ben Gastauer ass houfreg Iech op en Training mam Ben ze invitéieren.
Dësen Training gëtt ofgehalen,
Sonndes, den 10. November 2013 .
Rendez-‐vous fir all Cyclisten an Coureuren ass ëm 9.30Auer beim
der Garage Ford Lux-‐Motor, 3, rue de l’avenir zu Féiz
Dësen Training féiert eis op Mënsbech, wou e klenge Ravi bei Lux-‐Motor, 5, rue Henri Tudor,
L-‐5366 Munsbach, op eis waart. Hei besteet d’Méiglechkeet mat enger Navette op den Depart
zeréckgefouert ze ginn.
Zesummen iesse mir dann eng Spaghetti ( géint 13 Auer), déi vun der Garage Ford Lux-‐Motor offréiert
gëtt.
All d’Membere vum FCBG si ganz häerzlech invitéiert.
Well mir all Joers Don’en maachen, wiere mir frou, wann Dir eis den Daag eng kleng Spend an eis Keess kéint maachen. Den Erléis ass, wéi all Joer, fir d’Vëlosschoul vum Schëfflenger Vëlosveräin LP07.
Den Training ass fir all Mënsch zougängeg, an et gëtt op jidderee Rücksicht geholl.
An der Hall Polyvalent zu Schëffleng stinn dem Sportler Vestiairen an Duschen zur Verfügung.
Dir musst Iech fir d’Iessen umellen bis den 4. November 2013, iwwer Mail oder Telefon :
Rom Gastauer : rgast@pt.lu
Marco Lamborelle : lamborelle@sudgaz.lu oder Nadine Everling 621 23 67 16
An der Hoffnung Iech sportlech erëm ze gesinn, verbleiwe mir frëndschaftlech,
de Comité vum FCBG