Archive pour 14 septembre 2022

Generalversammlung vum Fan-Club Ben Gastauer

Léif Memberen,

Dir sidd häerzlech invitéiert un der Generalversammlung vum Fan-Club Ben Gastauer deelzehuelen.

Dës Generalversammlung ass den

19. September 2022 um 19.00 Auer

am Boulodrome vum Pétaboules

zu Schëffleng.

D’Adress ass Rue de Hédange  L-3840 Schifflange.

Wei Dir alleguer wësst huet den Ben no 12 Joer Profikarriär den Vëlo un den Nol gehaangen an dofir wäert och des Generalversammlung fir den Fan Club Ben Gastauer eng speziell sinn. No zwee Joer Covid-19 hoffen mir kënnen eng flott lëscht an ofschléissend Generalversammlung ofzehalen.

Dagesuerdnung:

o Usprooch vum President Roland Schreiner a Begréissung vum Ben Gastauer

o Aktivitéitsbericht 2019, 2020, 2021 an 2022  vum Sekretär Maurice Schwarz,

o Keesebericht 2019, 2020, 2021 an 2022 vum Caissier Marco Lamborelle,

o Rapport vun de Keeserevisoren Roger Thull a Sylvain Schrantz,

o Decharge vum Caissier,

o Decharge vun de Comitésmemberen,

o Réckbléck op dem Ben seng lëscht Saison 2021,

o Den Ben huet d’Wuert,

o Divers

De Fan Club Ben Gastauer wäert sech no dëser AG opléisen.

Bei dëser Geleeënheet soe mir och all deene Membere VILLMOOLS MERCI, déi eis an den Ben all déi Joren ënnerstëtzt hunn an dem Ben seng Karriär genau sou passionéiert verfollegt hunn wei mir.

De Comité, zesummen mam Ben Gastauer, hoffen Iech ob eiser Generalversammlung erëmzegesinn, a verbleiwen mat frëndlechen Gréiss.

Fir de Comité,

Roland Schreiner                                                                                                              Maurice Schwarz

President                                                                                                                             Sekretär

%d blogueurs aiment cette page :