Archive pour 10 août 2022

Ben Gastauer genéisst Zäit mat Famill a studéiert fir Kiné

NO DER VËLOSKARRIÄR

Ben Gastauer genéisst Zäit mat Famill a studéiert fir Kiné

Vu(m) Christophe Hochard (RTL Télé)

Am September d’lescht Joer war de Ben Gastauer eng leschte Kéier als Vëlosprofi op de Stroossen ënnerwee.

De Ben Gastauer genéisst ablécklech d’Familljeliewen. Mat sengen 2 Kanner, dem Sienna 6 Joer an dem Sydney 3, verbréngt de fréiere Vëlosprofi vill Zäit.

Als Profi huet de fréiere Coureur vill aus der Wallis gelieft. Iwwer d’Joer blouf wéineg Zäit fir d’Famill. Trainingsstagen a Courssen hunn dëst quasi onméiglech gemaach. Elo gëtt dës Zäit nogeholl.

Am September d’lescht Joer war de Ben Gastauer eng leschte Kéier als Vëlosprofi op de Stroossen ënnerwee. Den Tour de Luxembourg war dem Schëfflenger seng leschten Etappecourse. D’Decisioun, de Vëlo un de Nol ze hänken, hat den Athlet awer scho Woche virdru geholl. Dobäi hat d’Saison 2021 nach gutt ugefaangen.

Wärend 12 Joer huet de Ben Gastauer säi Brout als Vëlosprofi verdéngt. Vill Sacrificer fir säi Sport gemaach an de Profi huet sech ëmmer an den Déngscht vu senger Ekipp gestallt. Vill flott Erënnerunge bleiwen deem sympathesche Sportler am Gediechtnes.

De Sport feelt dem Ben net. Hien huet de Vëlo duerch d’Bicher getosch. Op der Lunex studéiert de fréiere Profi fir Kiné. 5 Joer laang daueren dës Studien. De 34 Joer ale Schëfflenger ass aktuell am 1. Joer. D’Coursen zu Uewerkuer an der Schoul sinn all op Englesch.

© Christophe Hochard / RTL
%d blogueurs aiment cette page :