Archive pour 22 novembre 2021

Éierungen fir eis Coureuren

Éierung vum Kevin Geniets a vum Ben op der Schëfflenger Gemeng

Dëse Mëttwoch den 24. November um 18:30 gëtt de Kevin Geniets an de Ben Gastauer op der Schëfflenger Gemeng empfaangen.

Déi zwee Vëlosprofie kommen allen zwee aus der Vëlosschoul vun der LP07 vu Schëffleng a sinn och haut nach ëmmer am Schëfflenger Veräin lizenzéiert.

De Kevin preparéiert fir de Moment seng nei Saison an de Ben geet bekanntlech den 31.Dezember an d’Pensioun.

De Fan Club Ben Gastauer invitéiert Iech op en Owend zu Éieren vum Ben

Da wëlle mer awer och nach eng Kéier drun erënneren dass de Fan Club vum Ben den nächsten Dënschden en Owend organiséiert fir de Ben ze éieren.

Et ass nach Zäit fir Iech unzemellen, jiddereen ass wëllkomm

%d blogueurs aiment cette page :