Archive pour novembre 2021

Eierung vum Ben Gastauer a Kevin Geniets

Gëschter Owend goufen de Kevin Geniets an de Ben Gastauer vun der Schëfflenger Gemeng geéiert.

Et war eng flott a sympathesch Feier fir déi zwee Sportler, deenen hir Karriär an der Vëlosschoul vun der LP07 ugefaangen huet.

Hei de Communiqué vun der Gemeng Schëffleng :

Felicitatiounen un “eis” Sportler!

D’Gemeng Schëffleng ass besonnesch houfreg op de Kevin Geniets an de Ben Gastauer an dofir goufe si elo offiziell geéiert!

Net méi spéit wéi gëschter – eng Woch no eiser traditioneller Soirée des Lauréats – huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch a Presenz vu Membere vum Schäffen- a Gemengerot op enger gemittlecher Receptioun an der Salle Grand-Duc Jean de Kevin Geniets fir seng national an international Exploiten an der leschter Stroossevëlossaison geéiert.

Gratuléiert a Merci gesot krut awer och de Ben Gastauer fir seng erfollegräich a flott Cycliste-Carrière. No ville Jore geet de Schëfflenger an d’Pensioun. Dofir krut net nëmmen hien e Kaddo, mee och seng Fra a seng Kanner, déi elo hire Familljepapp endlech nees ganz fir sech hunn.

Och am Numm vun der Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun deenen zwee exzeptionellen Athleten e grousse Merci gesot a bonne Chance op hirem weidere Wee gewënscht.

Hei e puer Impressioune vum Owend: https://schifflange.lu

photos : Gemeng Schëffleng

Trophée du meilleur sportif de la Ville de Differdange

La Ville de Differdange organise chaque année un Gala Sportif pour honorer les sportifs et les associations sportives pour leurs exploits.

Lors de cette soirée au Hall O à Differdnage, Yvette Gastauer- Claire a présenté le trophée, qu’elle a créé, au public

crédit photos : Ville de Differdange

tageblatt : ‘Was bleibt, sind Erinnerungen’

Mer erënneren och nach eng Kéier un den 30 November 2021 wou de Fan Club en Owend zu Éieren vum Ben organiséiert

Éierungen fir eis Coureuren

Éierung vum Kevin Geniets a vum Ben op der Schëfflenger Gemeng

Dëse Mëttwoch den 24. November um 18:30 gëtt de Kevin Geniets an de Ben Gastauer op der Schëfflenger Gemeng empfaangen.

Déi zwee Vëlosprofie kommen allen zwee aus der Vëlosschoul vun der LP07 vu Schëffleng a sinn och haut nach ëmmer am Schëfflenger Veräin lizenzéiert.

De Kevin preparéiert fir de Moment seng nei Saison an de Ben geet bekanntlech den 31.Dezember an d’Pensioun.

De Fan Club Ben Gastauer invitéiert Iech op en Owend zu Éieren vum Ben

Da wëlle mer awer och nach eng Kéier drun erënneren dass de Fan Club vum Ben den nächsten Dënschden en Owend organiséiert fir de Ben ze éieren.

Et ass nach Zäit fir Iech unzemellen, jiddereen ass wëllkomm

Soirée Ben Gastauer

Yvette Gastauer – Claire à la Biennale des Métiers d’Art

Du 20 au 28 novembre 2021

Yvette Gastauer – Claire

participe à la

3è édition de la Biennale des Métiers d’Art
De Mains de Maîtres Luxembourg
à Luxembourg – Ville

Biennale des Métiers d’Art (demainsdemaitres.lu)

www.gastauer.lu

%d blogueurs aiment cette page :