Fan Club Ben Gastauer

Bekanntlech hellt de Ben um Enn vun dëser Saison als Profi-Vëlosfuerer op.
Wéinst enger Verletzung konnt hien zanter dem Abrëll keng Course méi fueren.

Hien huet esou gutt et gaangen ass trainéiert an hien spéngelt sech  déi nächst Woch beim Tour de Luxembourg eng lescht Kéier en Dossard op de Réck.

De Fan Club vum Ben invitéiert all d’Supporter an d’Frënn vum Ben Gastauer de Ben op senger leschter Course, hei Heem beim Tour de Luxembourg, ze ënnerstëtzen.


Mer ginn Iech Rendez-vous

Freides de 17. September, fir d’Zäitfuere vum Tour de Luxembourg

am Laangegronn ( Kayler Poteau ) op der Héicht vum Busarrêt ARBED Haff.

Den Treffpunkt ass géint 13 Auer. Mer wëssen allerdéngs fir de Moment nach net wéini de Ben start.



Och Samschdes den 18. September invitéiert de Fan Club Iech op d’Arrivée vun der leschter Etapp

an der Stad bei der Hall Victor Hugo.

Souwuel den Organisateur vum Tour de Luxembourg wei och de Fan Club wäerten no der Arrivée e Geste fir de Ben preparéieren.

Mer freeën eis Iech beim Tour de Luxembourg ze gesinn

mat beschte Gréiss

de Comité vum Fan Club Ben Gastauer

  1. No trackbacks yet.

Votre commentaire

Entrez vos coordonnées ci-dessous ou cliquez sur une icône pour vous connecter:

Logo WordPress.com

Vous commentez à l’aide de votre compte WordPress.com. Déconnexion /  Changer )

Photo Google

Vous commentez à l’aide de votre compte Google. Déconnexion /  Changer )

Image Twitter

Vous commentez à l’aide de votre compte Twitter. Déconnexion /  Changer )

Photo Facebook

Vous commentez à l’aide de votre compte Facebook. Déconnexion /  Changer )

Connexion à %s

%d blogueurs aiment cette page :