Archive pour 1 avril 2020

Plakataktioun zu Amsterdam

Grouss Plakataktioun zu Amsterdam

E Projet vum Claudine Arendt, Lëtzebuerger Kënschtlerin wunnt a schafft fir de Moment zu Amsterdam

Hei dem Claudine seng Iddi :

‘Och wann eis Mobilitéit an dësen schwéieren Zäiten immens ageschränkt ass, sinn ech dovunner iwwerzeegt datt d’Kultur trotzdeem oder grad elo net däerft ze kuerz kommen. Lo ass et awer natierlech och esou datt vill Evenementer noutgedrongener Weis mussen ausfalen an domat och en immensen Leerstand bei der Publicitéit oder den Affichen vun kulturellen Evenementer entsteet. D’Leit mussen awer virun d’Dier goen fir hier Kommissiounen ze maachen an aner Noutwendegkeeten ze erleedegen. Ech fannen datt een elo deen Leerstand kann notzen als Austellungsplattform am Ëffentlechen Raum.

An deem Sënn hunn ech elo zu Amsterdam eng Pousteraktioun gestart wou ëmmer do wou grad Leerstand ass dann e Pouster vun mer  opgehaangen gëtt . De Plang ass am Verlaf vum Joer 1000 Pousteren opgehaangen ze hunn.’

De Pouster selwer, mat enger grousser wäisser Fläsch schwätzt dann och genau dat Thema un.

Fir weider Informatiounen iwwer dem Claudine Arendt seng Arbechten kuckt op :

http://www.claudinearendt.net/

%d blogueurs aiment cette page :