La presse luxembourgeoise : rtl.lu : De Ben Gastauer fillt sech wuel bei AG2R

 

A Vëloskreesser gëllt de Ben Gastauer als idealen Co-Equipier, deen déi Aarbecht mécht, déi en ugestallt gëtt.

fe8f38598e3cf0ec898264af24400a87© pressphoto.rtl.lu (Archiv)

Am Cyclissem leeft zanter e puer Wochen d’Saison 2014.
4 Lëtzebuerger stinn jo den Ament bei Trek ënner Kontrakt, ma en 5ten fiert zanter 2009 fir déi franséisch Equipe AG2R. De Ben Gastauer fillt sech wuel a Frankräich.

De Lëtzebuerger Champion am Contre-la-Montre vun 2012 huet sech déi lescht Joere konstant weiderentwéckelt.
A Vëloskreesser gëlt de Ben Gastauer als ideale Co-Equipier, deen déi Aarbecht mécht, déi en ugestallt gëtt. A sengem 5. Joer als Profi weess de Ben Gastauer genee wéi seng Roll ausgesäit. Et heescht der Equipe sou gutt wéi méiglech ze hëllefen, besonnesch bei den Etappecourssen. Well hie sech awer an der Lescht konstant verbessert huet, kritt hien och méi Fräiheeten, virun allem bei Dagescourssen wéi se dëst Joer bei him um Programm stinn.

De Ben Gastauer huet bei AG2R sou munch Coureuren kommen a goe gesinn, ma d’Qualitéit wier dëst Joer sou héich wéi nach ni. Et si Leit mat u Bord déi staark an den Etappecoursse sinn, ma och bei de Klassiker dierft ee lo eng besser Roll spille wéi nach d’lescht Joer.

Datt de Ben Gastauer zu Lëtzebuerg net grad sou am Mëttelpunkt steet wéi aner Cyclisten spillt fir den 26 Joer ale Profi keng grouss Roll. Him wier et net wichteg wéivill Press dass hien huet. Hie géif de Sport fir sech maachen.

De Reportage vum Jeff Kettenmeyer (20/02/2014 – 12h30)

 

tageblatt 18/02/14

tageblatt20140217

 

sponsors2014 2 for web

Publicités
  1. No trackbacks yet.

Laisser un commentaire

Entrez vos coordonnées ci-dessous ou cliquez sur une icône pour vous connecter:

Logo WordPress.com

Vous commentez à l'aide de votre compte WordPress.com. Déconnexion / Changer )

Image Twitter

Vous commentez à l'aide de votre compte Twitter. Déconnexion / Changer )

Photo Facebook

Vous commentez à l'aide de votre compte Facebook. Déconnexion / Changer )

Photo Google+

Vous commentez à l'aide de votre compte Google+. Déconnexion / Changer )

Connexion à %s

%d blogueurs aiment cette page :